Wéi vill gîtes touristiques ginn et aktuell hei zu Lëtzebuerg?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.

Am Gesetz vum 26. Juli 2023 wat d’Gesetz vum 2. September 2011 iwwert den Accès an d’Beruffer vun den Handwierker, de Commerçante, den Industriellen a verschidde liberale Beruffer  ofännert (publizéiert am Mémorial A n°552 vum 8. August 2023) goufen eng Rei Mesure geholl, wat d’Verloune vu Wunnengen an Zëmmere fir d’Duerchgangsclientèle ubelaangt. An dësem Gesetz gëtt notamment festgehalen, datt een „exploitant d’hébergement“ muss eng Formatioun maachen, fir dierfe Vakanzewunnengen, fir 90 Deeg oder méi iwwer d’ganz Joer verdeelt, ze verlounen. Fir dës Exploitante sinn am Gesetz keng Ausname virgesinn, och d’Experienz gëtt net unerkannt, ewéi dat fir aner, am nämmlechte Gesetz, definéiert Beruffer de Fall ass. Dëst huet als Resultat, datt Exploitante vun sou genannte gîtes touristiques elo net méi konform sinn, obwuel dës scho säit ville Jore Vakanzewunnenge verlounen. Dëst féiert zu der Reduzéierung vun der Offer vun Iwwernuechtungsméiglechkeete fir Touristen, besonnesch am ländleche Raum.

Dowéinst hunn ech follgend Froen un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus:

  • Sinn dem Här Minister dës Problemer bekannt?
  • Wa jo, wéi gedenkt den Här Minister dëse Problem ze behiewen?
  • Denkt den Här Minister iwwert eng Upassung vum Gesetz vun 2023 no?
  • Wéi vill gîtes touristiques ginn et aktuell hei zu Lëtzebuerg?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Stéphanie Weydert

        Deputéiert

Zréck