Wéi vill Geneemegunge goufen an de Joren 2021 an 2022 ugefrot a geneemegt, fir dierfen eng Photovoltaikanlag op bestoenden an autoriséierte Gebaier an der Gréngzone opzeriichten?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum den Photovoltaiksinstallatiounen an der Gréngzone un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Am Kader vun der ënergetescher Transitioun sollen d’erneierbar Energië massiv ausgebaut ginn. Den Ukrain-Krich beschleunegt des Entwécklung zousätzlech. Dobäi spillt d’Fotovoltaik eng Schlësselroll well et, au contraire zu aneren erneierbaren Energieformen, kaum Nuisancë fir Urainer gëtt an se deemno konfliktfräi ass.

Déi vill Daachfläche vun de landwirtschaftleche Betriber bidden hei nieft den ewell installéierten Anlage weiderhin en grousst Potential, ma des Gebaier befannen sech iwwerwiigend an der Gréngzone an ënnerleien deemno aktuell enger Naturschutzg. Des Geneemegung ass bekanntlech virum Bau unzefroen a gëtt ënner Oplagen erdeelt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Wéi vill Geneemegunge goufen an de Joren 2021 an 2022 ugefrot a geneemegt, fir dierfen eng Photovoltaikanlag op bestoenden an autoriséierte Gebaier an der Gréngzone opzeriichten?
  • Wéi laang huet et am Schnëtt gedauert bis den Antragsteller an der Gréngzone eng Geneemegung kraut?
  • Eng vun den Oplagen ass dat d’Panneau’en à plat musse poséiert gi, wëssentlech dat net all Daachflächen optimal no Süden ausgeriicht sinn a fir en bessere Rendement deemno eng Inclinaisoun vun den Panneau’en an esou Fäll en bessere Rendement géif assuréieren. Wéi motivéiert den Ëmweltministère des Oplag par Rapport zum Naturschutz? Gett et wëssenschaftlech Beleeger, dat eng Inclinaisoun vu Solarpanneau’en e negativen Impakt op den Naturschutz huet? Gëtt un dëser Oplag am Kader vun der Upassung vum Naturschutzgesetz festgehalen?
  • Däerfen d’Solarpanneau’en, di am Kader vun den Ausschreiwunge vun der Agrophotovoltaik sollen opgeriicht ginn, och inclinéiert sinn? An wéi héich däerfen di Anlagen opgestallt ginn?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

 

Zréck