Wéi vill Gemengen hunn eng Verlängerung beim Erstelle vum PAL ugefrot fir den Delai op d’Joer 2023 ze verréckelen?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, bieden ech Iech dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weiderzeleeden.

De Pacte Logement 2.0 ass am Juli 2021 gestëmmt ginn a rétroactif op den 1. Januar 2021 a Kraaft getrueden. Haaptzil ass et, d’Gemengen als zentrale Partner vun der Regierung an der Entwécklung vun abordabele Wunnengen z’ënnerstëtzen. Nieft dem verstäerkte Matabanne vun de Gemenge gëtt och verstäerkt op eng Biergerbedeelegung a Sensibiliséierung vun der Gesellschaft gesat.

Laut Gesetz si Gemengen dru gehale virun Enn 2022 ee lokalen Aktiounsprogramm fir de Logement opzestellen (PAL) an d’Convention de mise en oeuvre vun deem selwechte fäerdegzestellen. Am Kader vun der Ënnerschrëft vun enger Convention de mise en oeuvre gëtt dës Conventioun nëmmen applicabel op dat Joer viru senger Ënnerschrëft. Sou eng Dispositioun um Ufank vun engem Pacte oder Engagement ass extrem onglécklech.

Bei engem partnerschaftleche Verhältnis tëscht Staat a Gemenge sollt ee staatlechersäits all Effort maache fir d’Gemenge bei der Erausfuerderung bei der Schafung vun erschwénglechem Wunnraum op all Niveau z’ënnerstëtzen. Dozou gehéiert sécherlech och een Entgéintkomme bei den Delaie fir d’Opstelle vun der Convention de mise en oeuvre. Mengen Informatiounen no hunn nämlech vill Gemenge Problemer an de virgeschriwwenen Delaien hier Aarbechten ofzeschléissen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wunnengsbauminister stellen.

  • Wéi vill Gemengen hunn eng Verlängerung beim Erstelle vum PAL ugefrot fir den Delai op d’Joer 2023 ze verréckelen?
  • Huet de Ministère net ugeduecht fir d’Gesetzgebung eventuell unzepassen datt d’Convention de mise en oeuvre réckwierkend op 2 Joer ka gräifen esou datt d’Gemengen nach een Obschub vun 1 Joer kenne kréie fir net an e Vide tëscht dem Pacte Logement 1.0 Pacte Logement 2.0 ze falen?

  

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck