Wéi vill Gemenge resp. Syndikater hunn, zousätzlech zu den 3 bekannte Gemengen, e Sportkoordinator agestallt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Sportkoordinator un de Minister fir Sport weider ze leeden.

De Sportkoordinator soll d’Zesummenaarbecht tëschent den eenzelen Acteuren am Beräich vum Sport um Niveau vun enger Gemeng reegelen. Hien soll den Uspriechpartner fir d’Schoulen, d’Elteren, de Schoulsport a d’Sportveräiner aus der Gemeng sinn.

Sou kann hien zum Beispill bei der Inclusioun vu behënnerten a auslännesche Kanner a Jugendlecher am Sport eng wichteg Roll spillen an deem hien etwa un d’Rechter vun dësen oft benodeelegte Kanner a Jugendlecher denkt, a weider garantéiert, dass hier Bedürfnisser bei der Ausgestaltung vu Sportspläng oder dem Uschafe vu Materialien anEquipementer net vergiess ginn. Dat hu mir an der Chamber eestëmmeg bei engem Debat d’orientation d’lescht Joer esou festgehalen. Am Kader vum Plan de relance 2.0 konnten d’Gemengen eng Demande fir d’Schafe vum Sportkoordinator-Poste bis Enn 2021 erareeche fir vu Subventioune kënnen ze profitéieren. Zu deem Zäitpunkt haten nëmmen 3 Gemengen (Bissen, Hesper an Troisvierges) e Sportkoordinator agestallt.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un de Minister fir Sport stellen:

  • Wéi vill Gemenge resp. Syndikater hunn, zousätzlech zu den 3 bekannte Gemengen, e Sportkoordinator agestallt?
  • Gëtt de Programm och nach emol fir 2022 verlängert?
  • Wann nee, firwat net?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt et an engem Moment wou mir aus der Pandemie rauskommen déi dozou gefouert huet datt eng Rei Leit, och Kanner, net méi reegelméisseg Sport gemaach hunn, wichteg wier datt dëse Plan de relance géif weidergefouert ginn?
  • Wann jo, wéi soll dat geschéien?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel

Deputéierten

Zréck