Wéi vill Geld huet d’Regierung bis elo insgesamt an d’Beschafung vu Corona-Vaccinen investéiert?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Obwuel d’Corona-Pandemie esou gutt wéi eriwwer ass a kaum nach Leit sech impfe loossen, gëtt a ganz Europa weiderhi vill Impfstoff ausgeliwwert. Grond sinn déi laangfristeg Verträg, déi EU-Kommissioun mat de Produzenten ofgeschloss huet. Eng Rei europäesch Länner fuerderen dofir, datt nach eng Kéier noverhandelt gëtt, well duerch déi zousätzlech Liwwerungen déi national Budgeten onnëtz belaascht ginn. Zu Lëtzebuerg goufe bis elo insgesamt 2.602.940 Dose geliwwert, allerdéngs goufen der nëmmen 1.292.714 tatsächlech genotzt. Aus der Äntwert op d’parlamentaresch Fro 6933 vum 3. November 2022 geet ausserdeem ervir, datt d’Regierung alles géif maachen, fir d’Dosen, déi net gebraucht ginn, a Länner weiderzereechen, déi nach e Besoin hunn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Schléisst sech Lëtzebuerg der Fuerderung vun den aneren EU-Länner un, fir d’Verträg, déi d‘EU-Kommissioun mat de Pharmakonzener ofgeschloss huet, nach eng Kéier nozeverhandelen?
    • Wa jo, wat fir eng Léisung envisagéiert d’Regierung?
  • Wéi vill Dose solle laut den aktuelle Verträg nach op Lëtzebuerg geliwwert ginn a wéi vill wäerten dës zousätzlech Dose kaschten?
  • Wéi vill Geld huet d’Regierung bis elo insgesamt an d’Beschafung vu Corona-Vaccinen investéiert?
  • Wéi vill Dosen, déi hei am Land net gebraucht goufen, konnten un aner Länner ausgeliwwert ginn?
  • Wéi vill Dosen hunn bis elo missen zerstéiert ginn, well de Verfallsdatum iwwerschratt war?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck