Wéi vill Gas kritt Lëtzebuerg aus Russland geliwwert, direkt an iwwer Ëmweeër?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.

Laut Presseinformatiounen hätt de russesche President Wladimir Putin de Metten ee Dekret ënnerschriwwen nodeem auslännesch Keefer vu russeschem Gas vu muer un a Rubel bezuele mussen. Ausserdeem hätt hien ugeuerdent, dass westlech Staaten dofir Konte bei der Gazprombank missten opmaachen. Am anere Fall géife Gasliwwerunge fir des Staaten agestallt ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Energie stellen:

  • Wat bedeit Decisioun vum russeschem Staatspresident fir d’Lëtzebuerger Gasakeef?
  • Hunn Lëtzebuerg respektiv dei letzebuerger Gasfournissueren e Konto a Rubel oder net?
  • Wann net, ass Regierung bereet e Kont op der Gazprombank oder soss enger anerer Bank opzemaachen?
  • Wéi vill Gas kritt Lëtzebuerg aus Russland geliwwert, direkt an iwwer Ëmweeër?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

                               Paul Galles                                Diane Adehm

                           Deputéierten                             Deputéiert

Zréck