Wéi vill Feelgebuerten goufen an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg registréiert?

 

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Laut enger Studie, déi am Abrëll 2021 an der wëssenschaftlecher Zeitung „The Lancet“ publizéiert gouf, kënnt et weltweit am Joer zu ongeféier 23 Milliounen Fausse-Couchen. Déi betraffe Fraen hunn net nëmmen mat de medezinesche Konsequenzen ze kämpfen, mee och ganz dacks mat psychesche Problemer. An dem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Wéi vill Feelgebuerten goufen an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg registréiert?
  • Wat sinn d’Haaptursaachen vun de Feelgebuerten?
  • Wéi héich ass de Risiko, no enger 1. Feelgebuert nach weider Fausse-Couchen ze erleiden?
  • Wéi gesäit déi medezinesch Prise-en-Charge aus?
  • Gëtt et zu Lëtzebuerg eng Ulafstell fir Fraen, déi no enger Feelgebuert psychesche Problemer hunn, richteg z‘encadréieren?
    • Wa jo, gin d’Fraisen vun dëser Prise-en-Charge vun der Gesondheetskeess iwwerholl?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck