Wéi vill Fäll vun Mastektomie goufen zanter 2017 pro Joer hei zu Lëtzebuerg duerchgefouert?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales weiderzeleeden.

D‘Diagnose Broschtkriibs ass fir vill Fraen an hir Famillen en emotionale Schock. Déi betraffe Fraen fillen sech an hirem Selbstwäertgefill verletzt. Si leiden net nëmmen kierperlech mee och psychesch, besonnesch wann eng Mastektomie muss duerchgefouert ginn.  An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Minister fir Soziales stellen:

  • Wéi vill Fäll vun Mastektomie goufen zanter 2017 pro Joer hei zu Lëtzebuerg duerchgefouert?
    • Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg par Rapport zum europäeschen Duerchschnëtt?
  • Wat gëtt gemaach, fir dat d‘Mastektomie am Fall vun enger Diagnos vu Broschtkriibs wierklech den leschten Schratt ass?
  • A wéi vill Fäll kann duerch eng Chemotherapie oder aner Mesuren d‘Broscht erhalen ginn?
  • Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg par Rapport zum europäeschen Duerchschnëtt?
  • A wéi vill Fäll konnt eng Reconstructioun vun der Broscht gemaach ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck