Wéi vill Fäll vun antisemittesch motivéierte Vandalismus sinn zanter dem 1. Januar 2024 registréiert ginn?

 

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Premierminister an un d’Justizministesch weiderzeleeden.

 

An der Nuecht vu samschdes, den 12. op sonndes, den 13. Oktober – also um Virowend vum nationale Commemoratiounsdag a kuerz virum Joresdag vun der éischter Deportatioun vu jiddesche Matbierger duerch d’Nazien an de Ghetto vu Litzmannstadt – ass zu Miedernach eng Gedenkplack, déi un d’Affer vun der Shoah erënnert, vun Onbekannte mat rouder Faarf beschmiert a profanéiert ginn. An engem Schreiwes verurteelen eng Rei Shoah-Gedenkorganisatiounen dës Dot als “Akt vun oppenem Antisemitismus”. D’Gemeng Ärenzdall huet Plainte géint Onbekannt agereecht. An dem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Premierminister an un d’Madamm Justizministesch stellen.

 

  • Wéi vill Fäll vun antisemittesch motivéierte Vandalismus sinn zanter dem 1. Januar 2024 registréiert ginn?
  • Wéi vill antisemittesch motivéiert Strofdote sinn insgesamt an dësem Joer registréiert ginn?
  • Wéi vill Fäll krute juristesch Suiten an a wéi vill Fäll koum et zu enger Veruerdeelung vun den Täter?
  • Wat fir Erkenntnisser huet de « Comité interministériel pour le suivi du plan d’action national de lutte contre l’antisémitisme » (PANAS), deen d’Regierung de 27. Mäerz 2024 en place gesat huet, bis ewell gesammelt?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir géint de wuessenden Antisemitismus an der Gesellschaft virzegoen?
    • Plangt d’Regierung speziell Opklärungscampagnen, virun allem an de Schoulen?
    • Plangt d’Regierung eventuell de Code pénal unzepassen, wann déi aktuell juristesch Moyenen net duerginn?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck