Wéi vill Fäll vu KO-Drëpse gouf et an dësem Joer a wéi warnt d’Regierung do virdrun?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzegt Sécherheet weiderzeleeden.

An de leschte Méint sinn ëmmer nees Fäll bekannt ginn, wou Persounen eegenen Aussoen no Affer vu KO-Drëpse gi sinn. An e puer Fäll ass eng Plainte gemaach ginn.   Leider wennt sech awer net all betraffe Persoun un d’Police. D‘Donkelziffer ass héich. An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un Här Minister fir bannenzegt Sécherheet stellen:

  • Wéi vill Persounen hunn an de leschten 12 Méint eng Plainte bei der Police gemaach, well si Affer vu KO-Drëpse gi sinn?
  • Sinn dem Minister weider Fäll vu Leit bekannt, déi Affer vu KO-Drëpse goufen, déi sech awer net bei der Police gemellt hunn, mee bei enger vun de verschidden Ulafstellen, déi an der Drogenhëllef täteg sinn?
    • Wa jo, wéi vill?
    • Bei wat fir Organisatiounen hunn si sech gemellt?
    • Gëtt et eng Gesamtstatistik?
  • Wat wëllt d’Regierung maachen, fir d’Leit virun de KO-Drëpsen ze warnen, a fir ze sensibiliséieren?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

 

Hei fannt dir d’Äntwert op meng parlamentaresch Fro :

réponse7370ddrogueGHB

Zréck