Wéi vill Fäll vu Gebärmutterhalskriibs sinn zanter 2007 bei Fraen, déi geimpft goufen, festgestallt ginn?

 

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Rezent Daten vun der nationaler schottescher Gesondheetsverwaltung „Public Health Schottland“ weisen, datt zanter der Aféierung vun der Impfung géint Human Papillomviren (HPV) am Joer 2008 bei Fraen, déi geimpft goufen, keen eenzege Fall vu Gebärmutterhalskriibs méi opgetrueden ass. Zu Lëtzebuerg huet de „Conseil Supérieur des Maladies Infectieuses“ (CSMI) 2007 eng éischte Kéier eng Impfrecommandatioun fir Meedercher am Alter tëschent 11 an 12 Joer erausginn. Zanter hir gouf des Recommandatioun ausgeweit. Zanter 2018 kënnen och Jonge geimpft ginn. Och d’Altersgrenz gouf eropgesat. An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Wéi gesäit d’Entwécklung bei de Fäll vu Gebärmutterhalskriibs zanter 2007 insgesamt aus?
  • Wéi vill Fäll vu Gebärmutterhalskriibs sinn zanter 2007 bei Fraen, déi geimpft goufen, festgestallt ginn?
  • Wéi spezifesch Kriibsfäll si bei Männer festgestallt ginn, déi zanter 2018 geimpft goufen?
  • Wéi vill Meedercher sinn insgesamt zanter 2007 geimpft ginn?
  • Wéi vill Jonge sinn insgesamt zanter 2018 geimpft ginn?
  • Wéi héich ass den Undeel vu Meedercher, respektiv vu Jongen, déi der Recommandatioun vum CSMI nokommen?
  • Wat wëll d’Regierung maachen, fir d’HPV-Impfung ze propagéieren?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

    

Marc Spautz,                  Max Hengel

Deputéierten                         Deputéierten

Zréck