Wéi vill Expert’en ware bis dato an de Reuniounen vum Klima-Biergerrot involvéiert? Wéi vill vun dësen Expert’en schaffen op engem Ministère oder an enger parastaatlecher Organisatioun?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum Klima-Biergerrot un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

 

De 15. an de 16. Juli goufen zwee Artikelen am Quotidien, di d’Funktiounsweis vum Klima-Biergerrot kritiséieren, publizéiert («Des citoyens déçus, le débat reporté »; « C’était ambitieux, mais réalisable »). De Biergerrot soll jo mëttels Reunioune mat Expert’en erausfannen op Lëtzebuerg genuch géint de Klimawandel mëscht oder op et zousätzlech Moossname brauch, a wann jo, déi Moossname ze identifizéieren. Sou kënnen nei Impulser gesat ginn, di der Gesellschaft hëllefe kann der Klimakris méi effektiv entgéint ze wierken.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministesch stellen:

  • Kann d’Regierung di 2 Artikele confirméieren?
  • Kann d’Regierung de Frust vun de Participant’en verstoen?
  • Wa jo, wéi wëll een dem entgéint wierken, fir dass et keen Echec gëtt?
  • Wéi vill Expert’en ware bis dato an de Reuniounen involvéiert? Wéi vill vun dësen Expert’en schaffen op engem Ministère oder an enger parastaatlecher Organisatioun?
  • Wien huet den aktuelle Planning opgestallt? Firwat war deen esou enk bemooss mat 6 Méint?
  • Ginn Ännerungen um Planning gemaach? Wann neen, firwat? Wa jo, wéi eng?
  • Wéi eng Léiere ginn aus dëser Geschicht gezunn am Bezuch op zukünfteg Biergerbedeelegung?

 

 

 

 

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles                                                                             Max Hengel

Deputéierten                                                                         Deputéierten

 

Diane Adehm

Deputéierten

Zréck