Wéi vill „Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental“ (Quereinsteiger) wäerten dëst Joer fir d’Rentrée 2021/2022 agestallt ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Am Enseignement – souwuel am Fondamental wéi och am Secondaire – feelt et weiderhin u genuch Léierpersonal. Aus deem Grond gëtt am Fondamental, well net genuch „brevetéiert“ Léierinnen a Schoulmeeschteren do sinn, op déi sougenannte „Quereinsteiger“ (Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental) zréckgegraff. Am Secondaire ginn aus deem selwechte Grond „Chargés d’enseignement à durée indéterminée“ agestallt, a vill Enseignanten halen iwwer hir eigentlech Tâche eraus Iwwerstonnen.

Virum Hannergrond vun der akuter Penurie u Léierpersonal wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

Am Enseignement fondamental:

  1. Wéi gesäit laut dem établéierte Fënnef-Jores-Plang de Besoin un Enseignanten fir déi kommend Joren aus?
  2. Wéi vill Enseignante gi fir d’Schouljoer 2021/2022 gebraucht?
  3. Wéi vill Schoulmeeschteren a Léierinnen ginn dëst Joer respektiv am Laf vum nächste Schouljoer an d’Pensioun?
  4. Wéi vill „Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental“ (Quereinsteiger) wäerten dëst Joer fir d’Rentrée 2021/2022 agestallt ginn ?
  5. Wéi vill Enseignante sinn an der Grondschoul agestallt ginn fir d’Schouljoren 2018/2019, 2019/2020 respektiv 2020 /2021, opgeschlësselt no brevetéierten Enseignanten a „Quereinsteiger“?

Am Enseignement secondaire :

  1. Wéi vill Enseignante gëtt et aktuell am Secondaire, am Ganzen an opgedeelt no Fächer?
  2. Wéi gesi laut de Berechnunge vum permanente Comité vun Experten d’Prévisiounen a puncto Enseignantsbedarf fir déi kommend Joren aus?
  3. Wéi eng Fächer si besonnesch staark vum „Lehrermangel“ betraff?
  4. Wéi vill Enseignante ginn dëst Joer an d’Pensioun? Wéi vill a wéi enge Fächer?
  5. A wéi enge Fächer ginn déi meescht Iwwerstonne gehalen? Wéi vill sinn dat der am Ganzen, pro Fach a pro Enseignant?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen

CSV-Fraktiounspresidentin

Zréck