Wéi vill Demanden fir Direkthëllefen sinn op staatlecher Säit agaangen? Wéi vill Demanden goufe ausbezuelt ? Wéi vill goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn ? 

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 84 vun eisem Reglement dat virgesäit, wéilte mir folgend dringend parlamentaresch Fro un d‘Häre Ministere fir Wirtschaft a fir de Mëttelstand stellen.

 

Duerch groussherzoglecht Reglement vum 25. Mäerz 2020 huet d’Regierung eng „Indemnité d’urgence“ vu 5000 Euro agefouert fir Betriber, déi opgrond vun den Artikelen 2 an 3 vum groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020 hir Etablissementer hu missen zoumaachen respektiv hir Aktivitéiten astellen. Eng vun de Viraussetzungen fir kënne vun dëser Hëllef ze profitéieren, war, dass de Betrib eng Handelsermächtegung laut Gesetz vun 2011 konnt virweisen.

 

Ronn 2 Woche méi spéit gouf dunn eng nei direkt Hëllef fir sougenannten Independanten agefouert. Vun där Hëllef sollten och Assistants parentaux kënne profitéieren. Dës direkt Hëllef war op e Montant vun 2.500 Euro an ass och un eng Rei Bedingungen.

 

Laut eisen Informatiounen waarden nach eng Rei Betriber op eng Äntwert op hir Demande fir Direkthëllef, déi, wéi gesot, virun engem Mount präsentéiert gouf.

 

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Häre Ministere stellen:

 

  • Wéi vill Demanden fir eng Indemnité d’urgence vu 5.000 Euro nom groussherzogleche Reglement vum 25. Mäerz 2020 si op staatlecher Säit agaangen?

 

  • Wéi vill vun deenen Demanden goufen aktuell schonn traitéiert?

 

  • Wéi vill Demanden goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn? Wier et méiglech déi Grënn quantifizéiert ze kréien (z.B. wéi vill vun de Betriber waren net eligibel, well se keng Handelsermächtegung haten, wéi vill Betriber waren net eligibel, well se 10 a méi Mataarbechter haten etc.

 

  • Wéi vill Betriber kruten „hir“ Indemnitéit schonn iwwerwisen?

 

  • Wéini mengt d’Regierung, dass déi nach ausstoend Betriber „hir“ Indemnitéit ausbezuelt wäerte kréien?

 

  • Wier et méiglech all dës Informatiounen opgeschlësselt no Sekteur ze kréien?

 

  • Wéi vill Demanden vun Independanten am Kontext vum groussherzogleche Reglement vum 8. Abrëll 2020 sinn op staatlecher Säit agaangen?

 

  • Wéi vill vun deenen Demanden goufen aktuell schonn traitéiert?

 

  • Wéi vill Demanden goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn?

 

  • Wéi vill Independanten kruten „hir“ Indemnitéit schonn iwwerwisen?

 

  • Wéini mengt d’Regierung, dass déi nach ausstoend Independanten „hir“ Indemnitéit ausbezuelt wäerte kréien?

 

  • Wier et méiglech all dës Informatiounen opgeschlësselt no der jeweileger Aktivitéit vun den Independanten ze kréien?

 

Mir bieden Iech, Här Präsident, eisen déifsten Respekt entgéint ze huelen.

 

 

 

 

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck