Wéi vill Suen huet de Staat un den Radaren verdéngt ?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet weiderzeleeden.

Wéi aus engem RTL-Artikel vum 10. Januar ervirgeet, sinn am Joer 2022 zu Lëtzebuerg iwwer 300.000 Automobiliste geblëtzt ginn, well se ze séier gefuer sinn. 215.000 mol goufen dobäi Automobiliste vu fixe Radare geblëtzt, well se liicht ze séier waren, oder duerch rout gefuer sinn. Dës Vitess-Depassementer si mat engem Avertissement taxé bestrooft ginn. Aus dem Artikel geet och ervir, dass 90.000 Vitess-Depassementer vu mobille Radare registréiert gi sinn. An dem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet stellen:

  • Wéi loossen sech d’Verstéiss géint Vitesse-Limitatiounen, déi vu mobillen a fixe Radaren am Joer 2022 gemooss gi sinn, jee no Gravitéit vun der Infraktioun, opschlësselen? A wéi jee no Montant vum Avertissement taxé?
  • Wéi vill Avertissements taxés, bedéngt duerch mobil a fix Radaren, sinn am Joer 2022 net bezuelt ginn?
    • Wéi eng Konsequenzen huet d’Net-Bezuele vun esou engem Avertissement taxé?
  • Wéi héich waren d’Betribs- an d’Entretienskäschte vun de mobillen a fixe Radaren am Joer 2022? Ob wéi eng Probleemer ass een dobäi gestouss?

 

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

          Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

Zréck