Wéi vill Äschen aus der Verbrennung vu Pellets fale bei der Firma LuxEnergie pro Joer un?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Energieminister weiderzeleeden.

 

An der Chamber-Sitzung vum 22. Dezember sot den Energieminister a senger Ried zu de Bäihëllefe fir Pellet-Heizungen, d’Firma LuxEnergie géif en Deel vun den Äschen, déi bei der Verbrennung vun de Pellets entstinn, un d’Baueren als Dünger weiderginn. Aus der Etude, déi d’Ëmweltverwaltung 2020 an Optrag ginn hat, geet ervir, datt d‘Äschen aus der energetescher Notzung vu Brennmaterial aus naturbeloossenem Holz nëmmen ënner bestëmmte Viraussetzunge sollen als Dünger genotzt ginn. Virun allem misste reegelméisseg Analyse gemaach ginn. D‘Auteure vun der Etude hunn 2020 och drop higewisen, datt d’Verwäertung vun den Äschen als Dünger weder op europäeschem nach op nationalem Plang juristesch gereegelt ass. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister an un den Här Energieminister stellen.

 

  • Wéi vill Äschen aus der Verbrennung vu Pellets fale bei der Firma LuxEnergie pro Joer un?
    • Wéi vill Äsche ginn als Dünger an der Landwirtschaft agesat?
    • Wéi vill Äsche gi vun enger spezieller Ofallfirma entsuergt?
  • Wéi vill Entreprise verwäerten zu Lëtzebuerg insgesamt Äschen als Dünger?
  • Ënner wat fir Bedingunge ginn dës Äschen un d’Bauere geliwwert, ginn et Kontrakter?
    • Wa jo, mussen d’Baueren eppes fir d‘Äsche bezuelen, a wa jo, wéi vill?
  • Wéi vill Analyse vun den Äsche gi gemaach an a wat fir engem zäitlechen Intervall?
  • Wou ginn dës Analyse gemaach, wéi vill kaschten se a wien bezilt se?
  • Op wat fir Substanze ginn d’Äsche kontrolléiert?
  • Wéi héich sinn am Duerchschnëtt d’Nährstoffwäerter vun den Äschen?
  • Wéi héich sinn d’Wäerter vun de problematesche Schwéiermetaller Cadmium a Chrom VI?
  • Ass den Asaz vun Äschen aus der energetescher Notzung vu Brennmaterial aus naturbeloossenem Holz an der Landwirtschaft mëttlerweil zu Lëtzebuerg juristesch reglementéiert?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck