Wéi vill Anticorps-Tester goufe bis de 15. Dezember gemaach a wat soen d’Resultater aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Am September huet d’Madamm Minister ugekënnegt datt an der 2. Phase vum Large Scale Testing och Anticorps-Tester per Bluttanalyse gemaach gi fir ze kucke wéi vill Leit aus eiser Bevëlkerung scho mam Corona-Virus a Kontakt waren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Wéi vill Anticorps-Tester goufe bis de 15. Dezember gemaach?
  2. Wat soen d’Resultater aus?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                Claude Wiseler

Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck