Wéi vill Amalgamfëllunge sinn an de leschten 3 Joer zu Lëtzebuerg gemaach ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet weider ze leeden.

An der EU solle Quecksëlwer-Fëllungen an den Zänn ab 1. Januar 2025 wäitgehend verbuede ginn. Obwuel et quecksëlwerfräi Alternative ginn, ginn an der EU pro Joer nach ëmmer ronn 40 Tonne Quecksëlwer fir Zännamalgam benotzt. An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d‘Ministesch stellen:

  • Wéi vill Amalgamfëllunge sinn an de leschten 3 Joer zu Lëtzebuerg gemaach ginn?
  • Wéi vill Prozent vun de Fëllungen insgesamt sinn am selwechten Zäitraum mat Amalgam gemaach ginn?
  • Wéi vill Kilogramm Amalgam ginn zu Lëtzebuerg benotzt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Kemp

Deputéiert

Zréck