Wéi steet et mat de Kontrollen vum Fëmmgesetz?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 332

 

Här President,

 

Sou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister an un den Här Justizminister weiderzeleeden:

2006 huet di deemoleg Regierung en eicht Anti-Tubak Gesetz gestemmt. 2017 koum dunn en zweet Gesetz wat d‘ Gesetz vun 2006 nogebessert an och eng europäesch Direktiv ëmgesat huet.

Vu dat d`Fëmmgesetz elo säit 12 Joer akraaft ass, wollte mir an dësem Kontext folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Laut Aussoen di am Kader vum Debat public iwwert d’Fëmmen op Terrasse gemaach goufen, gëtt op ville Schoulcampussen d’Fëmmverbuet net respektéiert. Kann de Minister dëst bestätegen? Wann jo, wat gedenkt de Minister dogéint ze ënnerhuelen?
  • Am nämmlechten Debat publique gouf opgeworf dat reegelméisseg virun den Haaptentréesdieren vu Spideeler gefëmmt gëtt, an dëst trotz engem Fëmmverbuet-Schëld. Kann de Minister dëst bestätegen?

Wann jo, wat gedenkt de Minister dogéint ze ënnerhuelen?

  • Wéi vill  Police-Kontrolle si generell scho gemaach ginn am Kader vum Anti Tubak’s Gesetz an wéi vill Léit goufe scho protokolléiert well se sech net un d’Gesetz gehalen hunn?

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéiert

 

Zréck