Wéi steet eis Regierung zum Verkaf vu kanneränlechen Sexpoppen? Wat ass de Message un eis Gesellschaft?

Här President,

 

Esou wéi d‘ Chambersreglement et vigesäit, bieden ech iech, des parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

An Dänemark soll de Kaf vu kanneränleche Sexpoppen verbueden an ënner Strof gesat ginn. Dat gouf elo rezent vun der Regierung decidéiert. Den Hannergrond vun dëser Entscheedung wier eng nei Bewäertung vum dänesche Kannerschutzverband “Save the Child”. Den entscheedende Faktor war d’Genesis vun de Poppen, déi ëmmer méi echt ausgesinn; D‘ Sexualiséierung vun esou kanneränleche Poppe ass kaum ze iwwersinn an et besteet de Risiko datt de sexuelle Mëssbrauch u richtege Kanner heiduerch gestäerkt gëtt.  Laut Informatiounen huet de Verkaf an Dänemark vun dëse Poppen an der Läscht staark zougeholl.

 

An dësem Kontext wëll ech de Ministeren folgend Froen stellen:

 

  • Huet d’Regierung Zuelen iwwer de Verkaf vun esou Poppen hei zu Lëtzebuerg?

 

  • Wei eng Positioun huet d´Regierung zu dëser Problematik, wëssend datt de Verkaf vu kanneränleche Sexpoppen e falsche Message un eis Gesellschaft ass?

 

  • Wëll d’Regierung et der dänescher Initiativ gläich maachen an den Import an de Verkaf vun esou Poppen verbidden?

 

  • Wa net, wat sinn d’Grënn dofir?

 

 

Mat déiwem Respekt,

Nancy Arendt

Deputéierten

Zréck