Wéi steet d’Regierung zu enger Verlängerung vun de Juegdzäiten ëm eng Stonn moies an owes an zum Asaz vun modernen techneschen Hëllefsmëttelen, wéi beispillsweis Nuechtsichtgeräter?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weiderzeleeden.

Och vun offizieller Säit gëtt ëmmer nees drop higewisen, dat de Wëldbestand a besonnesch d‘Wëllschwäin-Populatioun hei zu Lëtzebuerg ze héich sinn. Staatlech festgesaten Ofschosspläng sollen dofir suergen, dat genuch Wëld geschoss gëtt. Trotzdeem hëlt de Wëldbestand säit Joren weider zou. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Ëmweltministesch stellen.

  • Wéi vill Wëllschwäin hätte missen laut den Ofschosspläng an de leschten 3 Juegdsaisonen geschoss ginn?
    • Wéi vill sinn der effektiv geschoss ginn?
  • Gin d’Zuelen, déi an den Ofschosspläng fir de gesamten Wëldbestand festgeluecht goufen, generell erreecht?
  • No wat fir Krittären ginn des Ofschosspläng opgestallt?
  • Ass e genaue Monitoring geplangt, sou dat d’Ofschosspläng vum gesamten Wëldbestand op Basis vun konkreten Zuelen kënnen ugepasst ginn?
  • Wat fir Mesuren si geplangt, fir de Wëldbestand generell, virun allem awer deen vun de Wëllschwäin ze reduzéieren?
  • Wéi steet d’Regierung zu enger Verlängerung vun de Juegdzäiten ëm eng Stonn moies an owes an zum Asaz vun modernen techneschen Hëllefsmëttelen, wéi beispillsweis Nuechtsichtgeräter?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck