Wéi sollen d’Veraarbechtung an d’Vermaartung vum medezinesche Cannabis organiséiert ginn?

Här President,

 

D’Regierung huet ugekënnegt, datt den Ubau vu Cannabis zu medezineschen Zwecker hei am Land soll erlaabt ginn. D’Gesondheetsministesch an de Landwirtschaftsminister haten an dem Kontext fir Enn 2022 eng juristesch Etude ugekënnegt, wou d’Konditiounen an d’Krittäre fir d’Produzente solle gekläert ginn an op der Basis vun der dat entspriechend Gesetz soll ausgeschafft ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Konnt déi ugekënnegt juristesch Etude an Tëschenzäit finaliséiert ginn?
  • Wa jo, wat sinn d’Conclusiounen vun der Etude?
  • Wéi eng Krittäre sinn zréckbehalen ginn?
  • Wéi sollen d’Veraarbechtung an d’Vermaartung vum medezinesche Cannabis organiséiert ginn?
  • U wien däerfen d’Produzente verkafen?
  • Wéi gesäit déi zäitlech Ëmsetzung aus?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

 

Zréck