Wéi sollen d´Leit de ganzen Grünschnittoffall lass ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d´Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

Bei dem aktuelle gudde Wieder si vill Leit déi doheem de Wues méien a Gréngs schneiden. Doduerch fält vill Grünschnitt un. An der Circulaire N°3801 vum 27. Mäerz 2020 huet d´Madamme Ministesch de Gemengen et awer verbueden, nach weider Grünschnittcontainer fir d´Sammlung vun dësem opzestellen.

Ech wëll an dem Kontext folgend Froen un d´Madamm Ministesch stellen:

  • Gedenkt d´Madamm Ministesch dës Situatioun ze änneren?
  • Wär et net sënnvoll fir, natierlech mam Anhale vun de sanitäre Virschrëften an den allen Distanzen, de Gemenge rëm ze erlabe fir esou Container, den ausschliisslech fir de Grünschnitt geduecht ass, opzestellen?
  • Wéi eng Alternative gesäit d´Madamm Ministesch zu de Grünschnittcontaineren? Wou oder wéi sollen d´Leit de ganzen Offall lass ginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck