Wéi kréien aktuell Persoune mat engem statut de protection temporaire gehollef, déi net déi néideg finanziell Moyenen hunn hier Dokteschrechnunge selwer ze bezuelen?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, dës Question parlementaire un den Här Minister fir Immigratioun an Asyl an un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeleeden.

 

Aktuell kennen  ukrainesch Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg medezinesch Consultatiounen an der Maison médicale an der Staat Lëtzebuerg gratis an Usproch huelen, am Fall wou si de statut de protection temporaire nach net accordéiert kruten. Nodeems se awer de statut de protection temporaire accordéiert kruten an domadder automatesch an der Caisse Nationale de Santé ageschriwwe sinn, mussen déi betraffe Persounen hier Dokteschrechnunge selwer bezuele, fir se dono vun der Krankekeess rembourséiert ze kréien. Kuckt en sech déi limitéiert finanziell Aiden un, déi en ukrainesche Flüchtling mam statut de protection temporaire hei zu Lëtzebuerg ze gutt huet, ass dëst en Ëmstand, dee vill concernéiert Léit an finanziell, Problemer brénge kann. Doriwwer eraus krute mir vu Léit vum Terrain matgedeelt, dass dëst net ëmmer esou gereegelt war, mais op eng rezent Decisioun zeréckzeféiere ass, an nach viru kuerzer Zäit all ukrainesche Flüchtling, egal op mat oder ouni statut de protection temporaire, medezinesch Assistance gratis an der stater Maison médicale an Usproch huele konnt.

 

An dem Zesummenhang, géinge mir gäre folgend Froen un den Här Minister fir Immigratioun an Asyl an un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen:

 

  • Kennen d’Häre Ministeren déi uewegenannten Informatioune bestätegen a gouf et eng rezent Decisioun, déi festgehalen huet, dass ukrainesch Flüchtlinge mam temporäre Statut medezinesch Consultatiounen net gratis an Usproch huelen dierfen, mais se aus hirer eegener Täsch bezuele mussen?
    • Wa jo, mat wat fir enger Motivatioun gouft dëst ëmgeännert?
  • Wéi kréien aktuell Persoune mat engem statut de protection temporaire gehollef, déi net déi néideg finanziell Moyenen hunn hier Dokteschrechnunge selwer ze bezuelen?
  • Wëssend, dass eng Persoun mam statut de protection temporaire dacks nëmme limitéiert finanziell Mëttelen zur Verfügung huet an et deemno fir si schwéier ka sinn, eng Dokteschrechnung aus der eegener Täsche ze bezuelen, wéi gedenkt d’Regierung de betraffene Persoune finanziell ënnert d’Äerm ze gräifen?

 

Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Max Hengel                                 Claude Wiseler                                  Paul Galles

Deputéierten                         Deputéierten

Zréck