Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :
Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet an un d’Madamm Justizminister weider ze leeden.
Lescht Woch ass engem verurteelte Gewalttäter op sengem Fräigang aus dem Centre hospitalier neuro-psychiatrique d’Flucht gelongen. De Mann konnt eréischt den Dag duerno an Däitschland gestallt ginn an huet bis dohin eng Gefor duergestallt.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet an un d’Madamm Justizminister stellen:
- Wéi konnt et zu dëser Flucht kommen?
- Mat wéi enge Mesurë sollen esou Virfäll an Zukunft evitéiert ginn?
- Ass d’Regierung a Planungen un enger securiséierter Ënnerbréngung vun Täter mat psychiatreschem Hannergrond an enger Abteilung am Prisong zu Schraasseg?
- Wa jo – wou sinn dës Aarbechten drun?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Charel Weiler Jean-Paul Schaaf
Deputéierten Deputéierten
Zréck