Wéi konnt et zu de Retarde beim Contournement Dippech-Gare kommen a ginn et esou ähnlech Situatiounen ?

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir lech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Contournement Dippech-Gare un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un Madamm Minister fir Ëmwelt weider ze leeden.

An de leschten Deeg ass an de Medie vill iwwert de Contournement vun Dippech-Gare riets gaangen deen duerch feelend Autorisatiounen am Ëmweltberäich net wei ursprénglech geplangt dëst Joer kann ugefaange gi mat bauen. Dësen Ëmstand wier ënnert anerem enger mangelnder Kommunikatioun tëschent de verschidde Verwaltunge geschëlt.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Ginn et nach aner Bauteprojeten déi änlech gelagert si wei de Fall vum Contournement Dippech-Gare, wou Autorisatiounen am Ëmweltberäich ausgelaf sinn an net erneiert goufen an doduerch riskéiere Verspéidung ze kréien ?

 

  • Wei gedenkt Regierung sou Fäll an Zukunft ze verhënneren a wei well Regierung géint dat Silo-Denken a verschiddene Verwaltunge virgoen?

 

  • Laut der Madamm Ëmweltminister wier d’Ëmwelt-Autorisatioun am Mäerz 2018 ausgelaf, firwat ass bis Joer 2020 gewäert gi fir mat enger neier Ëmweltstudien unzefänken ?

 

  • Gett et op de Verwaltungsebene keen automatiséierte System deen sou Problemer am Virfeld kéint ënnerbannen ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Nancy Arendt                      Félix Eischen                         Marc Spautz

Députés

 

Zréck