Wéi kann et sinn datt den Educatiounsministère ronn 500.000 nasal Schnelltester kaf huet, ouni sech mat den Experte vun der Covid-Task Force an dem Gesondheetsministère ofzeschwätzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un den Här Educatiounsminister weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no huet den Educatiounsministère ronn 500.000 nasal Schnelltester kaf, ouni sech allerdéngs mat den Experte vun der Covid-Task Force an dem Gesondheetsministère ofzeschwätzen. Anscheinend wier dono am Laboratoire National de Santé (LNS) rausfonnt ginn, datt d’Qualitéit an d’Zouverlässegkeet vun dësen Tester net ganz gutt wier.

Et ass wichteg esou séier wéi méiglech flächendeckend Schnelltester an de Schoul- a Betreiungsstrukturen anzesetzen, dëst mécht awer just Sënn, wann déi Tester och eng méiglech grouss Zouverlässegkeet hunn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Regierung dës Informatioune bestätegen ?
  2. Wa jo, fir wat sinn déi Tester laanscht all Experten aus dem Santésberäich bestallt ginn an ouni datt sech iwwer national Qualitéitscritèrë berode gi wier ?
  3. Iwwer wien sinn dës Tester zu wéi enge Konditiounen an zu wéi engem Präis bestallt ginn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Jean-Marie Halsdorf             Martine Hansen

Deputéierten                                     Deputéiert

 

Zréck