Wat gedenkt de Sportminister ze ënnerhuelen fir den Benevolat besser ze ënnerstëtzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister weider ze leeden.

Et ass säit Jore bekannt datt et an de Sportfederatiounen, grad esou wéi an de Veräiner Probleemer ginn, well net méi genuch Benevoller do si fir d’Organisatioun an den Oflaf vun enger Rei Manifestatiounen ze garantéieren, oder nach den Encadrement vun de Kanner, grad esou wéi déi ganz Gestioun an administrativ Aufgaben an de Comitéë. Esouwäit ech weess, ass d’Fechtfederatioun am Moment, zesumme mam COSL, am Gaang verzweiwelt no Benevollen ze siche fir de gudden Oflaf vun engem Qualifikatiounstournoi fir d’Olympesch Spiller vun Tokyo ze assuréieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann de Minister dës Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, wéi gedenkt d’Regierung ze hëllefe fir datt dëse wichtege Qualifikatiounstournoi ka garantéiert ginn?
  • Wat fir Mesurë goufe konkret an de leschte 5 Joer geholl fir de Benevolat am Sport ze ënnerstëtzen?
  • Deelt de Minister d’Meenung datt weider Mesuren néideg sinn?
  • Wa jo, wat huet de Minister wëlles ze ënnerhuelen?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt épouse Kemp

Deputéiert

Zréck