Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister weider ze leeden.
Am Avis vun der Chambre de Commerce betreffend dem Projet de loi n°8525 modifiant l’article 82 de la loi modifiée du 18 juillet 2018 concernant la protection de la nature et des ressources naturelle gouf drop higewisen, dass et zwar offiziell e “service de bilan écologique simplifié et gratuit” gëtt, deen d’Administration de la Nature et des Forêts (ANF) proposéiert, dëse Service awer a Praxis wéineg bekannt ass an d’Porteure vu klenge Projete reegelméisseg trotzdeem op privat Bureaux d’études verwise ginn.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un de Minister stellen:
- Kann de Minister erklären, wéi genau d’Prozedur ausgesäit, fir Zougang zu dësem vereinfachten a gratis Service vun der ANF ze kréien?
- Wéi vill Projeten hu konkret an de leschte fënnef Joer vun dësem Service profitéiert? Kann de Minister déi Zuelen no Projetstypen oder Gréisstekategorië verdeelen?
- Sinn dem Minister konkret Beispiller bekannt, wou Porteure vu klenge Projeten, trotz der Existenz vun dësem Service, awer misste privat Studie bezuelen? Wa jo, wéi kann sech de Minister dat erklären?
- Ass geplangt, d’Informatiounen iwwert dëse Service méi breet a méi verständlech ze kommunizéieren, besonnesch a Richtung kleng a mëttelgrouss Entreprisen oder Privatleit?
- Ass de Minister bereet, d’Accessibilitéit an d’Konditioune vun dësem Service nozekucken an eventuell unzepassen, sou wéi d’Chambre de Commerce et recommandéiert huet?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Alex Donnersbach
Deputéierten
Zréck