Wéi ka verhënnert ginn, dass Lëtzebuerg an Europa « ausgespaart » gëtt?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister an d’Madamm Minister fir d‘Groussregioun weider ze leeden.

Säit Däitschland de Grand-Duché als Corona-Risikogebitt agestuuft huet, héiert een ëmmer méi datt däitsch Hoteller d’Buchunge vu Lëtzebuerger Gäscht stornéieren. Och verschidde  grouss Fräizäitparken an eisem Nopeschland loosse keng Visiteuren aus Lëtzebuerg méi eran. Des weidere géife verschidden Universitéiten an Héichschoule Lëtzebuerger Studenten hir Examen net schreiwe loossen. Studenten déi elo an Däitschland sinn an zréck op Lëtzebuerg mussen, riskéieren dono 14 Deeg a Quarantänn gesat ze ginn an doduerch hir Examen ze verpassen.

Lëtzebuerger Studenten a Residente, och wann se net viru kuerzem am Grand-Duché waren, kréien anscheinend och vun däitschen Doktere Consultatioune refuséiert mam Argument datt se aus engem Risikogebitt géife kommen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Ass d’Regierung iwwer dës Moossnamen informéiert?
Ass d’Regierung a permanentem Kontakt mat den däitschen Autoritéite fir anzewierken datt dës Mesurë rëm opgehuewe ginn?
Wéi ass d’Strategie vun der Regierung fir ze verhënneren datt d’Lëtzebuerger no an no a ganz Europa “ausgespaart” ginn?
Deelt d’Regierung d’Meenung datt dat Thema am EU-Conseil misst beschwat ginn?
Gedenkt d’Regierung d’Urgence e Sommet vun der Groussregioun anzeruffen ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck