Wéi huet sech d’Zuel vun de Fäll vun haislecher Gewalt an de leschte fënnef Joer hei zu Lëtzebuerg entwéckelt a wéi léisst sech des Entwécklung erklären?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

 

A verschidden europäesche Länner kann d’Justiz a Fäll vun haislecher Gewalt eng elektronesch Foussfessel ordonéieren, dat fir ze verhënneren, datt den Täter sengem Affer onerlaabterweis ze no kënnt an et aggresséiert oder esouguer ëmbréngt. Duerch des Mesure kann engersäits verhënnert ginn, datt et zu Recidive kënnt. Op der aner Säit géif d’Affer sech méi sécher spieren. Länner wéi Spuenien oder Frankräich hunn an de leschte Jore bei haislecher Gewalt gutt Erfarunge mat der elektronescher Foussfessel gemaach. Laut Medieberichter ass beispillsweis a Spuenien zanter der Aféierung am Joer 2009 keng Fra ëmbruecht ginn, wann den Täter eng Foussfessel hat. Ech wollt dofir follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen.

  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Fäll vun haislecher Gewalt an de leschte fënnef Joer hei zu Lëtzebuerg entwéckelt a wéi léisst sech des Entwécklung erklären?
  • An wéi vill Fäll handelt et sech ëm Widderhuelungstäter?
  • Wéi vill Frae goufen an de leschte 5 Joer vun hire Partner respektiv Ex-Partner ëmbruecht?
  • Ass d’Regierung gewëllt, déi entspriechend Gesetzer ze adaptéiere, fir datt d’Geriicht a Fäll vun haislecher Gewalt kann eng Foussfessel ordonéieren, fir esou ze verhënneren, datt den Täter sengem Affer ze no kënnt?
    • Wa jo, wéi kéint des Reglementatioun kommen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck