Wéi huet sech d’Zuel vun de Better generell an méi speziell bei den Urgence-Better pro 1.000 Awunner an de leschten 10 Joer entwéckelt?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no koum et an de leschte Wochen an de Klinicken dacks zu laange Waardezäiten, bis e Bett fräi war fir Patienten, déi no enger Consultatioun an der Urgence hu missen stationär opgeholl ginn. Verschidde Patienten hu missten e puer Stonnen um Gank waarden, bis en Urgence-Bett fräi war. Op eenzelen Fotoen gesäit een esou guer Patienten, déi um Buedem leien. An dem Kontext géinge mir gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir dës Informatiounen bestätegen?
  • Wéi laang hunn d’Patienten zanter Januar am Duerchschnëtt misse op en Urgence-Bett waarden?
  • Huet d’Reorganisatioun vun den Urgencen am CHL an an den HRS vum Juni 2021 Auswierkungen op d’Waardezäiten?
  • Wéi vill Urgence-Better stinn an den eenzelen Klinicken am Land zur Verfügung a wéi héich ass den Taux vun der Auslaaschtung?
  • Wéi huet sech d’Zuel vun de Better generell an méi speziell bei den Urgence-Better pro 1.000 Awunner an de leschten 10 Joer entwéckelt?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden                                                  Max Hengel

Deputéierten                                                 Deputéierten

Zréck