Wéi huet de Präis vu mineraleschem Dünger sech an de leschten 12 Méint entwéckelt ?

Här Präsident,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

 

Wei a villen anere wirtschaftleche Secteuren huet déi aktuell Präisdeierecht, gedriwwen duerch déi héich Energiepräisser, och een direkten Impakt op Landwirtschaft. An der spezifescher nationaler Fachpress war zu dësem Sujet rezent een Artikel iwwert d’Evolutioun vum Produktiounskäschtenindex vun der Agrarwirtschaft a Schweden ze liesen. Tëschent November 2020 an November 2021 ass dësen Index em 19,6% gestiegen. Ee vun de gréisste Präisdreiwer waren a Schweden Düngemëttel déi an deem Joer em 157,5% geklomme sinn. Donieft sinn och d’Energiekäschten a Käschte fir Fuddermëttel staark an d’Luucht gaangen.

 

An dësem Kontext wéilt ech dem Här Landwirtschaftsminister gäre folgend Fro stellen

 

  • Kann den Här Minister soe wéi des Entwécklung zu Lëtzebuerg ausgesäit?
  • Wéi huet de Präis vu mineraleschem Dünger sech an de leschten 12 Méint entwéckelt ?
  • Wéi huet de Präis vun de Fuddermëttel sech an de leschten 12 Méint entwéckelt?
  • Wéi wäerten déi steigend Energiepräisser sech allgemeng op d‘ Produktiounskäschte vun de Liewensmëttel auswierken?

 

Ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen
Deputéiert

 

Zréck