Wéi héich ass de Bedarf un zousätzlechen Enseignanten fir déi kommend Joren am Enseignement fondamental ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden. 

Am Enseignement fondamental feelt et weiderhin u genuch Léierpersonal. Well net genuch „brevetéiert“ Léierinnen a Schoulmeeschteren do sinn, gëtt an der Grondschoul op déi sougenannte „Quereinsteiger“ (Détenteurs d’un bachelor en relation avec un des objectifs de l’enseignement fondamental) zréckgegraff. 

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen: 

  • Ass de Fënnef-Jores-Plang, deen de Besoin un Enseignanten berechent, scho finaliséiert? 
  • Wa jo, wéi héich ass de Bedarf un zousätzlechen Enseignanten fir déi kommend Joren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

CSV-Fraktiounspresidentin 

Zréck