Wéi ginn d’Schnelltester no der Ouschtervakanz an de Schoulen an der Praxis agesat ? Wien féiert den Test duerch? Mécht de Schüler dat selwer oder muss den Enseignant dem Schüler den Test maachen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Zanter e Mëttwoch a bis den 2. Abrëll leeft eng Pilotphas mat Schnelltester an ausgewielten ëffentleche  Schoulen – mam Argument, et misst ee fir d’éischt analyséieren, wéi d’Duerchféiere vun dësen Tester sech op de schouleschen Alldag reperkutéiert. No der Ouschtervakanz sollen dann déi 120.000 Schüler a Enseignanten per Schnelltest op de Covid-19-Virus getest ginn.

Am Kontext vun dëser Approche wéilte mir folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wéi vill Schnelltester huet d’Regierung spezifesch fir den Asaz am Enseignement fondamental a secondaire bestallt?
  • Wëssend, dass an aneren EU-Länner Schnelltester schonn zanter Wochen am Asaz sinn, firwat gëtt hei zu Lëtzebuerg fir d’éischt e Pilotprojet gemaach, amplaz se direkt flächendeckend asetzen?
  • Wéi ginn déi Tester no der Ouschtervakanz an der Praxis agesat ? Wien féiert den Test duerch? Mécht de Schüler dat selwer oder muss den Enseignant dem Schüler den Test maachen?
  • Wéi vill Tester si pro Woch pro Enseignant respektiv pro Schüler virgesinn? A wéi engem Ofstand sollen déi Tester gemaach ginn?
  • Sinn d’Regionaldirektiounen an d‘Schoulcomitéën vum Fondamental respektiv d’Direktiounen vun de Lycéeën an och d’Léierpersonal am Allgemengen iwwer d’Schnelltester an de Schoulen vun no der Ouschtervakanz un a Kenntnis gesat ginn? Wa jo, wat gouf hinnen am Detail matgedeelt?
  • Wat huet de Ministère fir de Fall virgesinn, wou Elteren net averstane sinn, datt hiert Kand oder hir Kanner sech soll(en) engem Schnelltest ënnerzéien? Wat bedeit dat konkret fir d’Kand, d’Klass an d’Schoul?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                                                        Claude Wiseler

CSV-Fraktiounspresidentin                                                        Deputéierten

Zréck