Wéi gëtt séchergestallt, dass am Fall vu engem Skandal, wéi deen ëm Wirecard, kee Schnéiball-Effekt asetzt an aner Finanzdéngschtleeschter an eng onméiglech Lag bruecht ginn ?

Här President,  

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës  parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister weiderzereechen.

An der Affär ëm d’Suspendéierung an eng méiglech Insolvenz vun engem Lëtzebuerger Bezueldéngschtleeschter, hunn d’Kläger serieux Reprochen un d’Adress vun der Lëtzebuerger Iwwerwaachungsautoritéit CSSF geäussert. 

Ee vun de Reprochen ass, dass d’CSSF – obschonn se fir d’éischt d’Aktivitéiten vun der Firma suspendéiert, an hir duerno den Agrement entzunn huet, net déi néideg Diligencen ënnerholl hätt, fir dass déi Geschiedegt hir Suen nees géifen zréckkréien.  

Déi Geschiedegt fuerderen letztlech d’Asetzen vun enger Enquêtëkommissioun.

Mir wéilten aus deem Grond folgend Froen un den Här Finanzminister stellen:

  • Wéi bewäert den Här Finanzminister d’Aussoen vun de Geschiedegten? Firwat kréien déi Geschiedegt vun offizieller Säit (Finanzministère, CSSF) keng Äntwerten op hir Froen? 
  • Kann den Här Minister eis d’Chronologie vun dëser “Affär” maachen? War der CSSF schonn am Mee 2019 bekannt, dass méiglecherweis Clientssuen op Säiten vum Déngschtleeschter géife feelen? Firwat huet et bis September 2019 gedauert iert d’CSSF éischt Moossnamen ergraff huet ? 
  • Kann den Här Minister eis kuerz erklären, wéi d’CSSF prozedural mat sou Informatiounen ëmgeet? Ginn och déi auslännesch Iwwerwaachungsautoritéiten iwwer sou ee Virgang informéiert? 
  • Gesäit den Här Minister Unhaltspunkten vun engem Versoen vun der CSSF? 
  • Fir de Fall, dass den Déngschtleeschter net iwwer déi néideg Mëttele verfügt, kéinten d’Clienten an de Genoss vun der “Einlagensécherung” kommen ? Op wéi ee Montant ass dës Garantie gedeckelt a wéi eng Konditiounen missten d’Clienten erfëllen fir an de Genoss dovun ze kommen? 
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass d’Clientssuen genuch geschützt sinn? Sollt dat net de Fall sinn, wéi kann an Zukunft dofir gesuergt ginn, dass d’Suen vun de Clienten besser geschützt sinn?
  • Kann den Här Minister Informatioune bestätegen, no deenen den Déngschtleeschter duerch de Wirecard-Skandal mat a Matleedenschaft gezu ginn wier ? Rieds geet vum Feelen vu ronn 4 Milliounen Euro. Kann den Här Minister déi Informatiounen bestätegen?
  • Wéi gëtt séchergestallt, dass am Fall vu engem Skandal, wéi deen ëm Wirecard, kee Schnéiball-Effekt asetzt an aner Finanzdéngschtleeschter an eng onméiglech Lag bruecht ginn ?
  • Ass den Här Finanzminister net der Meenung, dass sou Affären der Finanzplaz Lëtzebuerg schueden? Wat gedenkt den Här Finanzminister ze ënnerhuelen, fir deem an Zukunft an och méi fréi entgéint ze wierken?

Mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar
Deputéierten

Gilles Roth

Deputéierten

Zréck