Wéi gëtt d’Vaccinatioun am Fleegesecteur organiséiert ?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet an un d’Madamm Minister fir Famill an Integratioun weider ze leeden.
Déi Quantitéite Vaccine déi am Moment zur Verfügung stinn, sinn un de Secteur hospitalier an un de Fleegesecteur verdeelt ginn.
An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Wéi vill Porteuren oder Strukturen am Beräich vun der Fleege si bis elo kontaktéiert ginn?
Sinn et d’Träger vun de Strukturen déi iwwer d’Verdeelung vun de Vaccine decidéieren oder déi eenzel Haiser?
Wéi vill Impfdosen ginn den eenzele Strukturen zur Verfügung gestallt?
Wéi gëtt garantéiert datt d’Santé resp. d’Träger den Iwwerbléck behält wéi eng Leit geimpft sinn a wéi eng net?
Gëllt déi Offer just fir d’Bewunner vun de Strukturen oder och fir d’Fleegepersonal? Wier dee Moment och d’Personal vun de Reseaue concernéiert?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen Jean-Marie Halsdorf Claude Wiseler
Deputéiert Deputéierten Deputéierten

Zréck