Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
D’«Summerschool» ass eng zousätzlech Schouloffer vum Educatiounsministère, déi zënter e puer Joer all Joer an deenen éischten zwou Wochen am September ugebuede gëtt a sech u Schüler aus dem Fondamental wéi och aus dem Secondaire riicht. D’Mesure soll Léierlücken zoumaachen an de Schüler hëllefen sech methodesch an inhaltlech op d’Rentrée virzebereeden. Jee no Besoin a Schoulniveau ginn Atelieren a Coursen ugebueden (z. B. Sproochen, Mathematik, Natur- a Sozialwëssenschaften).
Aus bildungspolitescher Siicht dréit d’Summerschool dozou bäi, d’Chancëgläichheet ze stäerken, de Passage tëscht de Klassen a Schoulniveauen ze vereinfachen an déi Schüler ze ënnerstëtzen, déi aus diversen Ursaachen temporär Nodeeler haten. Gläichzäiteg erfuerdert esou eng Offer eng transparent Planung a Qualitéitssécherung, besonnesch wat d’Ressourcen, d’Kommunikatioun un d’Elteren an d’Evaluatioun vun der Initiative ugeet.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:
Wéi vill Schüler waren zënter 2021 an der Summerschool ageschriwwen, opgedeelt no Joer an no Schoulniveau (Fondamental / Secondaire)? Wéi vill Léit huet sech an de jeeweilege Jore fir d’Summerschool gemellt, a wéi vill Personal huet schlussendlech matgeschafft?
No wéi enge Critèrë gëtt d‘Personal mat engem CDD fir d’Summerschool agestallt (z. B. pädagogesch/fachlech Kompetenzen, Sproochen)?
Wéi ass d’Betreiung vun Elèves à besoins spécifiques garantéiert? Ginn am Kader vun der Summerschool extra Coursë fir ESEB Kanner ugebueden? Falls déi Kanner och an der Summerschool sinn, ginn déi zesumme mat deenen Anere Schüler aus dem Fondamental a Secondaire betreit?
Verfüügt den Educatiounsministère iwwer Donnéeën zum Succès vun der Summerschool? Gedenkt den Här Minister dës Initiativ weider auszebauen oder unzepassen, a wa jo, a wéi enge Punkten a mat wéi engem Zäitplang?
Här President, ech bieden Iech, main déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten