Wéi gëtt d’Beruffsbild vum „DAP Inclusion“ definéiert?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Wéi den Här Minister de 17. Mäerz ugekënnegt huet, wäerten de „Lycée du Nord Wiltz“, de „Lycée Bel-Val“ an de „Lycée technique de Bonnevoie“ vun der kommender Rentrée un en „Diplôme d’aptitude professionnelle“ am Beräich vun der Inclusioun (DAP Inclusion) proposéieren. Mat deem Ofschloss soll een am formalen, awer och am non-formale Bildungsberäich kënne schaffen.

Op dëser Plaz sief dann un d‘Äntwert vum Här Minister vum 2. September 2022 op d’parlamentaresch Fro Nummer 6452 erënnert, an där hien zum „DAP Education“ ­­– deen op der Rentréespressekonferenz den 13. September 2021 ugekënnegt an den 3. Mee 2022 méi genau presentéiert gouf – Folgendes schreift: „[…] Deemno kéint en Agent socio-pédagogique mat engem DAP Education duerchaus och bei der Prise en charge vu Schüler duerch e Kompetenzzenter matschaffen. D’Formatioun vum DAP Auxiliaire de vie gëtt am Moment och reforméiert a spezialiséiert op Personnes à besoins spécifiques. […]“.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi gëtt d’Beruffsbild vum „DAP Inclusion“ definéiert?
  • Wéi ass déi nei Formatioun „DAP Inclusion“ par Rapport zum „DAP Education“ ze gesinn?
  • Ass d’Formatioun vum „DAP Auxiliaire de vie“ an der Tëschenzäit reforméiert ginn?
    • Wa jo, wéi ass dës Formatioun am Detail ausgeriicht?
    • Wann net, firwat net a bis wéini soll d’Reform ëmgesat sinn?
  • Wéi ginn déi dräi genannte Formatioune vuneneen ofgegrenzt?
  • Wéi gëtt d’Orientatioun vun de Schüler a Bezuch op déi dräi Beruffsbiller organiséiert?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

 

 

 

 

 

Zréck