Prozedur fir d’Léierpersonal an d’Direktioun am Fall vun engem Amoklaf ?

Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :

Réponse1509lycéeredange

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus der nationaler Presse vum 15. Oktober 2024 geet ervir, dass en Amokalarm am Réidener Lycée ausgeléist ginn ass, dëst nodeems eng verdächteg Persoun gemellt ginn ass. Et ass doropshin zu engem gréissere Policeasaz komm an d’Schüler an d’Léierpersonal hu missten an hirem Sall bleiwen, deen zougespaart ginn ass. Et huet sech méi spéit am Moie rausgestallt, dass et sech em e falschen Alarm gehandelt huet an zu kengem Moment eng konkret Gefor fir d’Schüler an d’Léierpersonal bestanen huet.

An deem Kontext wollten mir follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Wéi geséit d’Prozedur vum Educatiounsministère fir d’Léierpersonal an Direktioun am Fall vun engem Amoklaf an enger lëtzebuerger Schoul aus?
  • Wéieng konkret Demarchë mussen agehale ginn?
  • Wéi stellt den Educatiounsministère sécher, dass d’Direktioun an d’Léierpersonal adequat an den eenzelen Lycée’en fir sou Fäll forméiert sinn?
  • Stinn de verschiddenen Direktiounen Dokumenter a Guidelines fir sou Fäll zur Verfügung? Wa jo, ginn Tester am Kader vun Amokläf a Bommenalarmen duechgefouert?

 

Här President, mir bieden Iech, eist déifste Respekt unzehuelen.

 

Charel Weiler                                        Maurice Bauer

Députéierten                                        Députéierten

 

 

 

 

 

Zréck