Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Familljeminister an un d’Madamm Sozialministesch weiderzeleeden.
Wéi eis Bierger an Dignitéit kënne al ginn, dat ass a bleift eng ganz grouss Erausfuerderung. D’Liewenserwaardung klëmmt weiderhin a stellt d’Gesellschaft viru Froen. De Gesondheets- a Sozialsystem steet doduerch ënner Drock, awer och d’Famillje selwer, déi haut ëmmer méi ënner der Dräifach-Belaaschtung stinn, Schaffen an d’Versuerge vu Kanner a vun Elteren ënnert een Hutt ze bréngen. Derbäi kënnt och de Präisdrock op d’Betreiungsinstitutiounen, deen zum Deel muss un déi Beneficiairë weidergi ginn.
Et héiert een ëmmer méi vu Leit, déi duerch hir kleng Rent net d’Méiglechkeet hunn, sech iwwerall betreien ze loossen.
- Ginn et Waardelëschten, fir Accès an en CIPA ze kréien?
- Wéi laang dauert et momentan an der Moyenne?
- Wéi vill Leit hunn am Alter Schwieregkeeten, fir hir Betreiung kënne ze bezuelen a wéi hunn sech dëst Chifferen an de leschte Joren entwéckelt ?
- Wei kréien déi Leit gehollef, déi sech d’Institutioun vun hirem Choix net kënne leeschten?
- Wéi wäit gëtt hinnen zougemutt, an eng Institutioun méi weit ewech vun hirer Famill oder hirem gewinnten Ëmfeld ze goen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt, épouse Kemp
Deputéiert
Zréck