Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit weider ze leeden.
D’Iwwerschwemmungen aus dem Joer 2021 haten immens vill Schued ugeriicht, um Besëtz vu Privatpersounen engersäits, awer och un der ëffentlecher Infrastruktur, ewéi zum Beispill Stroossen a Vëlosweeër. Eng vun dëse Schied um Bord vun eise Flëss goufe säitdeem reparéiert, respektiv d’Reparature sinn nach amgaang. Anerer goufen nach net ugefaang. Ausserdeem goufen, am Kader vun der Héichwaasserpreventioun, eng Rei Renaturéierungsprojete geplangt.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit stellen:
- Wat ass de leschte Stand vun de Renaturéierungsprojeten un der Sauer?
- Wat ass de Stand vun de Reparatusaarbechten vun de Stroossen un der Sauer, déi duerch d’Iwwerschwemmunge beschiedegt goufen?
- Wat ass de Stand vun de Reparaturaarbechten vun de Vëlosweeër un der Sauer, déi duerch d’Iwwerschwemmunge beschiedegt goufen?
- Wat ass de Käschtepunk vun dëse Reparaturaarbechten?
- Wéini gëtt de Vëloswee “PC3 des trois rivières” (Iechternach/Veinen) op dem Deel vun der Sortie vun Iechternach a Richtung Dikrech nees a Stand gesat?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten
Zréck