Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.
Wéinst der COVID-19-Pandemie sinn d’Ëffnungszäite vu villen Post-Verkafsstelle reduzéiert respektiv sinn Büro’en temporär zougemaach ginn. Sou och de Post-Büro zu Ëlwen dee bis haut nach ëmmer zou ass. Laut mengen Informatiounen ass nach keen Datum fir eng Reouverture vun dësem Post-Büro bekannt.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister stellen:
· Kann den Här Minister mir des Informatioun bestätegen ?
· Geet de Post-Büro zu Ëlwen an noer Zukunft erëm op oder ass eng aner Decisioune fir dee Büro geholl ginn a wa jo wéi eng Decisioun wier dat ?
Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ali Kaes
Deputéierten
Zréck