Wéi gesäit d´Madamm Ministesch d´Entwécklung vum Réckgang u verschidde Services de proximités am ländleche Raum? Wéi wëllt d´Regierung géint dës Entwécklung virgoen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer méiglech Fermeturë vu Banken un d´Madamm Finanzministesch weiderzeleeden.

Eisen Informatiounen no sollen an noer Zukunft de Bankautomat vun der Post an d’Filiale vun der Raiffeisen Bank zu Iechternach zougemaach ginn.  De Bankautomat gëtt anscheinend op Grond vun de rezenten Iwwerfäll op sou Automaten zougemaach. Dat wär, nodeems vill Servicer am ruralen am an urbane Raum am Osten net méi oder net méi sou vill ugebuede ginn, e weideren Nodeel a punkto Déngschtleeschtunge fir d´Bierger an dësem Bezierk a besonnesch am Raum Iechternach. Dobäi kënnt jo och nach, dass een an de Banke selwer oft keng Sue méi kann ophiewen. Och wa Sprengungen un Automate stattfonnt hunn, däerf de Rechtsstaat net an d’Knéie goen an dës elementar Servicer musse garantéiert bleiwen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch riichten:

  • Kann d´Madamm Ministesch dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo – wat sinn d´Ursaachen dofir? Spillen déi rezent Iwwerfäll eng Roll?
  • Wa jo – wéi steet d´Madamm Ministesch dozou?
  • Wéi gesäit d´Madamm Ministesch d´Entwécklung vum Réckgang u verschidde Services de proximités am ländleche Raum? Wéi wëllt d´Regierung géint dës Entwécklung virgoen?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

 

   Max Hengel                                    Léon Gloden                  Octavie Modert     

 

    Deputéiert

Zréck