Wéi gesäit di aktuell Corona Situatioun an de Secteuren Hospitalier an des Soins aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu der aktueller Situatioun an dem Secteur Hospitalier an dem Secteur des Soins un d‘Madamm Gesondheetsministesch an d’Madamm Familjeministesch weider ze leeden.

 

Virun enger Woch goufen di meeschte Mesurë fir dem Corona-Virus entgéint ze wierken opgehuewen. Gläichzäiteg stiechen sech Dag fir Dag nach ëmmer vill Leit un an et kann ee souguer e positiven Trend no uewen hin erkennen

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend dréngend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi gesäit di aktuell Situatioun an de Secteuren Hospitalier an des Soins aus? Kënnen d’Madamm Gesondheetsministesch an d’Maddam Familjeministesch fir dës Strukturen en éischte Bilan zanter dem Ophiewe vun engem groussen Deel vun de Mesurë maachen?
  2. Sollen net zousätzlech Mesuren, wéi z.B. Schnelltester beim Besuch vu Strukturen aus de Secteuren Hospitalier an des Soins, agefouert gi fir esou di vulnerabel Leit besonnesch ze schützen an esou eng eventuell Isolatioun ze verhënneren?

 

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Claude Wiseler

Deputéierten

 

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

 

Zréck