Réponse à la question N° 3052 (Question écrite) de Monsieur Aly Kaes, Député concernant Etat actuel de l’agriculture, par Monsieur Fernand Etgen, Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des Consommateurs: QP 3052
Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert déi aktuell Lag an der Landwirtschaft un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeginn.
Déi nidderschlagsaarm Wanterméint, de spéiden Frascht am Fréijoer an déi aktuell Dréchent an Hetzt sinn a wäerten sécherlech net ouni Spueren an der Landwirtschaft bleiwen. Ënnert anerem den aktuellen Zoustand vun de Weeden an der Fruucht gëtt ze bedenken.
An deem Kader, wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister folgend Froe stellen :
- Wei gesäit den Här Minister den aktuelle Zoustand vun der Landwirtschaft no de Wierderkapriolen vun de läschte Méint ?
- Huet de Minister wëlles, konkret Mesuren virzeschloen fir de Baueren an dëse schwieregen Zäiten ënnert d’Aarm ze gräifen ?
- Wann jo – wéi kennen dës Hëllefen ausgesinn ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ali Kaes
Députéierten
Zréck