Här President,
Esou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës dringend parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.
Laut RTL-Informatiounen géif Fage säi Molkerei-Projet zuLëtzebuerg ad acta ze leeën. Et hätt déi lescht Deeg nachVerhandlungen mam Wirtschaftsministère ginn.
Mir wéilten duerfir folgend Froen un den Här Wirtschaftsministerstellen :
– Kann de Minister dës Informatiounen confirméieren ?
– Wat koum bei deene Verhandlungen zur Sprooch?
– Huet déi betraffe Firma Grënn fir hire Réckzuch genannt ? Wa jo, wéi eng ?
– Wat gëtt aus den Terrainen, déi de Staat dem griichescheJugurtsproduzent verkaf huet ? Plangt de Staat, déi neeszréckzekafen an zu wéi engem Präis ?
Mat déifstem Respekt,
Martine Hansen
Laurent Mosar
Claude Wiseler
Deputeiert
Zréck