Wéi geet d’Lëtzebuerger Regierung am allgemenge mat Klimakatastrophen an der Welt ëm ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede ech Iech, dës parlamentaresch Fro un Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an d’Madamm Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten weider ze leeden.

 

Am Amazonas brennen immens Fläche vu Bësch. Well et sech heibäi em eng vun de gréisste «grénge Longen» vun der Welt handelt, ass dëst net eleng eng Katastroph fir Brasilien, wat duerch vill aner Krisen gerëselt gëtt, mee och fir de Rescht vun der Welt.

 

An dësem Kontext erlaben ech mer, der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Madamm Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten folgend Froen ze stellen.

 

– Wéi geet d’Lëtzebuerger Regierung am allgemengen mat Klimakatastrophen an der Welt em? Gëtt et Prozeduren, déi parallel verlafen wéi déi am Fall vun humanitäre Katastrophen, wa Mënschen direkt vu Naturkatastrophen oder Hongersnéit betraff sinn?

 

– Huet d’Lëtzebuerger Regierung Kontakt opgeholl zur brasilianescher Regierung?

 

– Ass d‘Lëtzebuerger Regierung gewëllt mat der brasilianescher Regierung zesummenzeschaffen fir d’Ofholzung vum Amazonas ze bremsen? Wéi kéint dës Zesummenaarbecht ausgesinn? Wéi schätzt d’Lëtzebuerger Regierung d’Chancen op eng gelongen Zesummenaarbecht an?

 

– Huet d’Lëtzebuerger Regierung Kontakt opgeholl zu de Lëtzebuerger ONG’en, déi a Brasilien schaffen an ënner Ëmstänn d’Katastroph vu vill méi no matkréien? Wa jo, wéi ginn dës ONG’en vun der Lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt?

 

– Wéi bewäert d’Lëtzebuerger Regierung déi rezent Annoncen vun Däitschland an Norwegen hir Subventiounen fir den Amazonas-Fong ze blockéieren? Huet d’Regierung en Iwwerbléck wéi vill där Fongen fir den Amazonas existéieren? Wéi vill Suen huet d’Lëtzebuerger Regierung déi leschte Joren direkt an den Erhalt vum Amazonas investéiert a iwwer wéi eng Projeten?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Deputéierten

Zréck