Wéi gedenkt d’Regierung de Leit ze hëllefen déi 3 Mol geimpft, bei deenen den Impfcertificat awer just nach 1/3 Impfungen uweist ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Eisen Informatiounen no ginn et Probleemer mat den Impfcertificater vu Leit déi hir éischt Impfung mam Janssen Vaccin kritt hunn.

Wann dës Leit eng zweet Impfung mam Impfstoff vu Pfizer-Biontech kritt hunn a sech elo och boostere gelooss hunn (an der Regel mam Moderna-Impfstoff), hu si elo op hirem Impfcertificat just nach 1/3 Impfungen stoen.

Wëssend datt vill Awunner deemnächst fir d’Fuesvakanz an d’Ausland fueren, hunn déi Concernéiert a ville Länner e Problem well et ausgesäit wéi wa si kee kompletten Impfschema hätten.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann d’Regierung dës Problemer bestätegen?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn?
  • Wéi gedenkt d’Regierung dëse Leit ze hëllefen, déi sech jo un all Recommandatioune gehalen hunn a jo och de facto 3 Mol geimpft sinn ?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen Max Hengel
Co-Fraktiounspresidentin Deputéierten

 

Zréck