Wéi erklären d’Madamm an den Här Minister de Mangel u Koordinatioun bei der Gestioun vun engem fir déi ëffentlech Mobilitéit sou wichtege Chantier wéi dee vun der Ettelbrécker Gare?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Mobilitéit an Infrastrukture weiderzeleeden.

Engem RTL-Bericht no goufen d’Ofrappaarbechte vun der Ettelbrécker Gare en Dënschdeg mat „Effet immédiat“ op Uerder vum Ëmweltministère gestoppt. Begrënnt gëtt dës Decisioun mat Schmuebelsnäschter, déi wärend der Reproduktiounszäit zerstéiert géifen. Doriwwer eraus géifen och aner Déierenaarte gestéiert an et géif och un der néideger Autorisatioun feelen, fir d’Aarbechten duerchzeféieren, heescht et weider.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an Nohalteg Entwécklung an un den Här Minister fir Mobilitéit an Infrastrukture stellen :

  • Kënnen d’Madamm an den Här Minister de Baustopp an och déi genannte Begrënnung fir de Baustopp confirméieren?
  • Wéi erklären d’Madamm an den Här Minister de Mangel u Koordinatioun bei der Gestioun vun engem fir déi ëffentlech Mobilitéit sou wichtege Chantier wéi dee vun der Ettelbrécker Gare?
  • Wéi eng Mesure ginn envisagéiert, fir den Zäitplang vum Bau vun der multimodaler Plattform ronderëm déi al Ettelbrécker Gare anzehalen?
    • Kann deen Zäitplang net agehale ginn, ëm wéi vill Méint verlängere sech dann d’Aarbechten?
  • Wéi ass den eventuelle Retard vum Chantier vun der Ettelbrécker Gare mat de Bestriewunge vun der Regierung kompatibel, den ëffentleche Verkéiersreseau méiglechst séier ze moderniséieren, fir méiglechst séier méi Leit vum Auto op den ëffentlechen Transport ze kréien?
  • Wéi eng Moossname gedenken d’Madamm an den Här Minister ze huelen, fir an Zukunft bei (staatleche) Chantieren ze verhënneren, dass den Ëmweltministère den Infrastrukturministère oder och aner Ministère blockéiert?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Martine Hansen                                                      Jean-Paul Schaaf

Co-Fraktiounspresidentin                                                  Deputéierten

Zréck